Pädagogik

D’Kand ass e Liewewiesen, als Erwuessener sinn mir do vir et ze ënnerstëtzen andeems mir him Léift an géigesäiteg Vertrauen entgéint bréngen, wat him d’grouss ginn an sengem eegen Rhythmus erméiglecht.

Déi edukatiiv Astellung vum Personal baséiert op den Prinzipien vun der neier Schoul (1) an brauch Beobachtung, een oppent Ouer an Analyse.

Vir den Bedierfnisser vun ärem Kand gerecht ze ginn, setzen mir op :

  • Eng vertrauensvoll zwëschemënschlech Bezéiung, déi dem Kand eng emotional Stabilitéit erméiglecht
  • Ofwiesslung tëschent dem eegenen Rhythmus vum Kand (2) an Virschléi vun Aktivitéiten déi säin Wonsch no Entdeckung stimuléieren (3)
  • Sozialen Austausch tëschent den verschiddenen Alteren andeems mir d’Kannergruppen heiansdo opmaachen

Vir dem Interêt vum Kand gerecht ze ginn lauschteren mir natierlech och op d’Elteren an soen hinnen all Dag wéi den Dag vun hirem Kand war an schwätzen mat hinnen iwwer wichteg Informatiounen zum Thema : Gesondheet, Iessen, Emotiounen, Verhalen, Aktivitéiten, Astellungen, Entwécklungen an speziell Bedürfnisser.

Well d’grouss ginn e Kannerspill ass, ass d’Crèche Hêtre virun allem een Uert vun der natierlecher Entdeckung an Ausprobéieren vum Liewen.

  • (1) Pädagogesch Stréimung am Déngscht vum Kand, déi him eng aktiv Roll an senger eegener Entwécklung zouschreiwt. Dat woufir d’Kand sech interesséiert gëtt benotzt vir säin Gefill vir Entdeckung an Kooperatioun ze förderen, heibäi spillen verschidden Beräicher eng grouss Roll : intellektuell, artistesch, physesch, handwierklech a sozial. D’Léieren vum Zesummeliewen ass elementar wichteg.
  • (2) Inspiréiert vun der Methode vum Pikler Loczy – baséiert op der Wichtegkeet vum Schwätzen, vum fräien Spill an dem Respekt vun der Autonomie vum Kand – begleeden mir d’Erliewen vum Kand wat seng eegen Erfahrungen mécht. Mir kontrolléieren net alles wat et mécht mä huelen eis Zäit vir eng harmonesch Entwécklung.
  • (3) Forméiert no der Montessori-Methode – déi d’Wichtegkeet vun der Benotzung vun den Sënner an dem autodidakteschen Material an den Virdergrond stellt – stinn mir dem Kand zur Säit mat verfügbaren Materialien, soubal et prett ass, vir seng eegen Motivatioun an Loscht op Léieren ze stimuléieren. 

Cliquez ici pour visionner le Concept d'action générale Crèche HÊtre, SEA enfants non scolarisés.

Cliquez ici pour visionner le Concept local de l'éducation plurilingue pour jeunes enfants Crèche HÊtre.

Agreéiert Crèche - Chèques Service